logo
logo logo
home iq test members contact

Wat ass Mensa?

Mensa gouf 1946 an England vum Roland Berrill, engem Affekot, a vum Dr Lance Ware, engem Wëssenschaftler an Affekot, gegrënnt. Si haten d'Idee eng Sociétéit fir schlau Leit ze grënnen, bei där déi eenzeg Qualifikatioun fir Member ze ginn en héijen IQ (Intelligenzquotient) ass. Déi deemoleg Zieler waren, wéi haut och nach, eng Gemeinschaft ze kreéieren déi net politesch ass a keng Ënnerscheeder aus ethneschen oder reliéise Grënn mécht. D'Sociétéit ass fir all Leit, onofhängeg vun deem wat se am Liewe maachen, deenen hiren IQ méi héich ass wéi 98% vun der Gesellschaft / Mënschheet, sou datt sech dës Leit treffen a kenne léiere kënnen an un enger grousser Unzuel vu sozialen a kulturellen Aktivitéite bedeelege kënnen.

Mensa zu Lëtzebuerg

Viru ronn 20 Joer gouf MENSA Lëtzebuerg-Belgium gegrënnt, d'Aktivitéiten hu sech am Ufank éischter op d'Belg konzentréiert. Zënter Enn 1999 goufen et och hei zu Lëtzebuerg regelméisseg Mensa Aktivitéiten. Richteg lass gaang ass et am Joer 2000, matt regelméissege Versammlungen (all leschten Donneschdeg vum Mount) matt interessanten Themen, deem éischte Speziellen Interesse Grupp (SIG, zum Thema "Cosmologie" am Februar 2000) an enger eegener Homepage (www.mensa.lu am Mee 2000). Am Dezember 2000 ass du Mensa Lëtzebuerg gegrënnt gi sou dass mer elo onofhängeg vun der Belg sinn.

Wéi kann ech Member ginn?

Mensa Lëtzebuerg organiséiert 2 mol d'Joer en offiziellen IQ Test. Den Test dauert 2 Stonnen, gëtt iwwerwaacht a vun engem Psycholog verbessert. Deen nächsten ass de 17/04/2010. Wann Dir wëllt deelhuelen oder iwwer spéider Datumen informéiert ginn, schreift Iech w.e.g. an eis Mailingslëscht an. Dir kritt da virun all Testdag eng Invitatioun geschéckt.

weider Informatiounen

Abonnéieren an der Mailingslëscht
Virnumm: *  
Numm: *
Bestueten Numm:
Gebuertsdatum: *
Geschlecht: *
E-Mail-Adress: *
Adress:
Code postale:
Uertschaft:
Land:
Ausfëllen obligatoresch




English Français Deutsch Lëtzebuergesch
© 2001-2009 MENSA Lëtzebuerg